top of page
background-header-02.jpg

REEGELEN

CONCOURS

Astronaut*in fir een Dag – Lëtzebuerg


1. ALEEDUNG

1.1. De Concours „Astronaut*in fir een Dag – Lëtzebuerg“ gëtt vun der Luxembourg Space Agency organiséiert an huet sech als Zil gesat, deene jonke Leit de Weltraumsecteur méi no ze bréngen an ee Lien ze kreéieren, andeems si Parabelflich ubidden, déi Mikrogravitatioun simuléieren. 1.2. Dëst Reglement setzt déi allgemeng an technesch Konditioune fest, déi d’Kandidat*innen am Kader vun hirer Participatioun um Concours „Astronaut*in fir een Dag – Lëtzebuerg“ respektéiere mussen. Fir datt hir Kandidatur zoulässeg ass, musse si d’Integralitéit vun dëse Reglementer akzeptéieren.


1.2. D’Finalist*inne vum Concours kréien d’Méiglechkeet, un engem Parabelfluch deelzehuelen, dee vun der Luxembourg Space Agency gesponsert gëtt an de 14. Oktober 2025 stattfënnt. De Parabelfluch gëtt vun an ënner der Responsabilitéit vun der Firma Novespace duerchgefouert.


1.3. The competition finalists will have the opportunity to participate in a parabolic flight, sponsored by the Luxembourg Space Agency, which will take place on 14 October 2025. The parabolic flight is carried out by and under the responsibility of Novespace.


1.4. Wärend dem Schouljoer 2025/26 wäerten d’Finalist*innen an hirer Schoulgemeinschaft als Ambassadeur*rice vun dëser Initiativ fungéieren, an erkläre sech bereet, vun hiren Erfarungen ze beriichten an se ze verbreeden, fir derzou bäizedroen, en neien a méi groussen Interessi um Weltraum ze kultivéieren.


2. ZOULOOSSUNG

2.1. All Schüler*innen, déi zu Lëtzebuerg an d’Schoul ginn an déi follgend Konditiounen erfëllen, si berechtegt un dësem Concours deelzehuelen:


• Si mussen den Dag vum Fluch 13 Joer al sinn.


an;

• an de Schouljoer 2024/2025 an 2025/2026 regulär oder professionell an engem ëffentlechen oder privaten Educatiounsinstitut zu Lëtzebuerg am Secondaire ageschriwwe sinn, oder ee Beweis liwweren, datt si de Secondaire am Homeschooling absolvéieren. Wärend dem Selektiounsprozess kann et och sinn, datt si ee Certificat de Scolarité eraschécke muss.


2.2. Och Leit mat engem Handicap kënnen um Concours deelhuelen. Dës Kandidatur ënnerläit der Konditioun, datt hir*en Dokter*esch ee favorabele medezinesche Bericht ausstellt, nodeems hie/si sech mat der vun Novespace ageriichter Medezinescher „Parabelfluch“-Kommissioun ausgetosch huet, déi a leschter Instanz iwwer de Fall entscheet.


2.3. D’Finalist*innen aus enger viregter Editioun vum Concours sinn net berechtegt, hir Kandidatur fir dës Editioun nach eng Kéier anzereechen. Dës Reegel gëllt, fir engem Maximum u Kandidat*innen d’Méiglechkeet ze ginn, dës eenzegaarteg Erfarung ze erliewen. All Kandidatur vu Persounen, déi schonn an enger fréierer Editioun ausgewielt goufen, gëtt automatesch refuséiert.


3. SELEKTIOUN VUN DE KANDIDAT*INNEN

3.1. D’Kandidat*innen ënnerleien engem Selektiounsprozess mat verschiddenen Eliminatiounsphasen, dee staark un de Selektiounsprozesser vu richtegen Astronaut*innen inspiréiert ass.


3.2. Am Fall vun der Participatioun vu Kandidat*inne mat enger Behënnerung, ass ee favorabele Bericht vun engem*r Dokter*esch eng Viraussetzung. Dës Leit wäerten engem ugepasste Selektiounsprozess ënnerleien, deen hire spezifesche Fall berücksichtegt.


3.3 Dëst sinn déi verschidden Etappe vum Selektiounsprozess:


- Etapp: Kandidatur a Motivatioun


- 2. Etapp: Logik- a Verständnistester


- 3. Etapp: Kierperlech Fitness


- 4. Etapp: Interview


- 5. Etapp: Lescht Etapp


3.4. D’Selektioun vun der Jury ënnerläit eleng der Verantwortung vun der Luxembourg Space Agency.


3.5. D’Selektioun vun de Finalist*innen ënnerläit eleng der Verantwortung vun der Jury.


3.6. An der éischter Etapp an am Interview gëtt d’Selektioun vun de Kandidat*innen op Basis vun hirer Motivatioun an hiren Iddien am Kader vun hirem Mandat als Ambassadeur*rice vum Concours „Astronaut*in fir een Dag – Lëtzebuerg“ gemaach. An den Etappen 2 an 3 baséiert d’Selektioun vun de Kandidat*innen op der Evaluatioun vun de Partnerentitéite vun all Etapp. D’Aktivitéiten, déi an dësem Kader duerchgefouert ginn, ginn an den Annexen I respektiv II presentéiert.


3.7. An der éischter Etapp muss de Selektiounsprozess sécherstellen, datt aus all Kanton vu Lëtzebuerg (Capellen, Klierf, Dikrech, Iechternach, Esch-Uelzecht, Gréiwemaacher, Lëtzebuerg, Miersch, Réiden, Réimech, Veianen, Wolz) mindestens véier Schüler*innen aus all Altersgrupp (13-15 an 16-18) vertruede sinn – virausgesat et kandidéiere genuch Schüler*innen aus jidderengem vun dëse Kantonen –, fir sécherzestellen, datt d’Initiativ dee gesamten nationalen Territoire ofdeckt. Vun

der 2. Etapp u ginn d’Schüler*innen op Basis vun de Resultater vun den Tester oder dem Interview bewäert.


3.8. D’Resultater vun all Etapp vum Selektiounsprozess ginn op déi E-Mailadress geschéckt, déi bei der Kandidatur fir d’Initiativ kommunizéiert gouf. Dës Resultater ginn un, ob de/d’ Kandidat*in an déi nächst Etapp vum Prozess weiderkënnt. Déi definitiv Lëscht vun de Kandidat*innen, déi um Parabelfluch deelhuelen, gëtt an alphabetescher Reiefolleg op der Website vun der Initiativ publizéiert. Hei fënnt een déi Kandidat*innen, déi ausgewielt goufen an och déi, déi op der Waardelëscht stinn.


3.9. Dës sinn déi verschidden Etappe vum Selektiounsprozess:


3.9.1. 1. Etapp – Kandidatur a Motivatioun

D’Aschreiwung an d’Areeche vun de Kandidature kënnen ausschliisslech iwwer d’Website www.astronautforaday.lu gemaach ginn.


An dëser Etapp gi follgend Dokumenter gefrot:


i. Umeldungsformulaire


ii. CV


iii. Presentatiounsvideo


● Umeldungsformulaire:


Am Umeldungsformulaire musse follgend Informatiounen ausgefëllt ginn:


a. Virnumm


b. Numm


c. Gebuertsdatum


d. Geschlecht


e. Adress


f. Telefonsnummer


g. E-Mailadress


h. Numm vun der Schoul


i. Kanton, an deem sech d’Schoul befënnt


j. Schouljoer vum/vun der Kandidat*in am Joer 2024/2025


k. Autorisatiounsformulaire fir d’Participatioun um Evenement inklusiv all d’Informatiounen, déi am Dokument gefrot ginn (Annex 1)


● Presentatiounsvideo:


- De Presentatiounsvideo däerf maximal 60 Sekonne laang sinn. All Kandidat*in, deen/déi d’Selektiounskonditioune vum Concours erfëllt, kritt ee Link geschéckt, fir iwwer eng speziell Plattform e Video opzehuelen an ofzespäicheren. Nodeems

de/d’Kandidat*in de Link kritt huet, huet hien/hatt 7 Deeg Zäit, de Video opzehuelen. Jiddereen huet dräi Versich zegutt a kann duerno entscheeden, wat fir eng Versioun vum Video eropgeluede gëtt.


D’Zil vun dësem Video ass et, d’Motivatioun vum/vun der Kandidat*in fir d’Participatioun un dëser Initiativ ze illustréieren. De Video gëtt op Basis vu follgende Krittären evaluéiert:


- Syntheesfäegkeet,


- Liichtegkeet, virun der Kamera ze schwätzen a seng Iddien ze artikuléieren;


- Fäegkeet seng Motivatioun fir d’Initiativ an d’Aktivitéiten als Ambassadeur*rice ze beschreiwen;


- Kloerheet vun den Iddien an de proposéierten Aktivitéiten;


- Kreativitéit an der Realisatioun vum Video


D’Luxembourg Space Agency wäert eleng oder mat enger anerer Partnerentitéit, déi nach ze designéieren ass, d’Videoen evaluéieren a bis zu 250 Schüler*inne fir déi 2. Etapp auswielen.


3.9.2. 2. Etapp – Logik- a Verständnistester;


Eng komplett Beschreiwung vun der 2. Etapp fannt der an der Annex 2 vun de Reglementer, vun deene se en integralen Bestanddeel ass. Fir déi drëtt Etapp vum Selektiounsprozess gi bis zu 100 Schüler*innen ausgewielt.


3.9.3. 3. Etapp – Kierperlech Fitness;


Eng komplett Beschreiwung vun der 3. Etapp fannt der an der Annex 3 vun de Reglementer, vun deene se en integralen Bestanddeel ass. Fir déi véiert Etapp vum Selektiounsprozess gi bis zu 40 Schüler*innen ausgewielt.


3.9.4. 4. Etapp – Interview;


D’Kandidat*inne ginn op en Interview invitéiert, deen tëschent 10 an 30 Minutten dauert a via Videokonferenz (online) a Presenz vun enger Jury stattfënnt. D’Zesummesetzung vun där Jury gëtt méi spéit annoncéiert. Nom Interview établéiert d’Jury eng Lëscht vu Kandidat*innen, vun deenen déi éischt 10 an déi lescht Ronn kommen. D’Kandidat*innen 11 bis 12, déi net fir déi lescht Ronn ausgewielt goufen, kommen op eng Waardelëscht.


3.9.5. 5. Etapp – Lescht Etapp


Déi lescht Etapp entsprécht der Participatioun vun de Kandidati*innen um Parabelfluch, virausgesat datt si all déi noutwendeg Konditiounen erfëllen. Déi reschtlech Kandidat*innen hunn d’Méiglechkeet, op enger Waardelëscht ageschriwwen ze ginn, fir um Fluch deelhuelen ze kënnen, wann ee/eng vun den 10 ausgewielte Kandidat*innen net um Fluch deelhuele kann. Déi ausgewielte Schüler*inne mussen e puer noutwendeg medezinesch Ënnersichungen hannert sech bréngen. Dës gi vun Novespace, déi fir de Fluch verantwortlech sinn, virgeschriwwen, fir erauszefannen, ob de/d’Kandidat*in an der Lag ass, um Fluch deelzehuelen. Dës medezinesch Ënnersichunge ginn op där Plaz duerchgefouert, déi vun den Organisateur*inne kommunizéiert gëtt. D’Annex III zielt all d’medezinesch Konditiounen op, déi musse kontrolléiert ginn, souwéi all déi erfuerderlech medezinesch Ënnersichungen inklusiv de Beispillformulaire, dee vum/vun der zoustännegen*er Dokter*esch muss ausgefëllt ginn.

Déi definitiv Autorisatioun an d’Erlabnis, fir an de Fliger ze klammen, ënnerleien der Verantwortung vun Novespace.

Fir um Parabelfluch am Kader vum Concours „Astronaut*in fir een Dag – Lëtzebuerg“ deelzehuelen, mussen déi ausgewielte Schüler*innen och un deenen Aktivitéiten deelhuelen, déi d’Organisatioun an den Deeg virum Fluch virbereet huet.


4. OFSCHLOSSBESTËMMUNGEN

4.1.1. Mannerjäreg Schüler*inne musse bei der Umeldung fir de Concours eng schrëftlech Autorisatioun vun den Elteren oder engem*r gesetzleche*r Vertrieder*in ofginn, entspriechend dem dem Beispill-Dokument an der Annex 1.

Mannerjäreg Schüler*innen, déi fir déi 2. Etapp ausgewielt ginn, mussen déi schrëftlech Autorisatioun, entspriechend dem Beispill-Dokument an der Annexe 1, mat der Ënnerschrëft vun den Elteren oder engem*r gesetzleche*r Vertrieder*in an enger Copie vun der jeeweileger Carte d’identité ofginn. Dës Autorisatioun mat de gefrote Beleeger muss mindestens 2 Deeg virum Datum vun de Logik- a Verständnistester erageschéckt ginn. Wann dat net de Fall ass, gëtt de/d’Kandidat*in vum Evaluatiounsprozess ausgeschloss.


4.1.2. Am Fall vu falschen Deklaratioune gëtt de/d’ Kandidat*in direkt ausgeschloss, onofhängeg dovun, a wat fir enger Etapp vum Evaluatiounsprozess hien/hatt sech an deem Moment, wou dës Deklaratiounen entdeckt ginn, befënnt.


4.1.3. All d’Käschte vun den Trajeten, fir op déi Plazen ze fueren, wou déi physesch Tester stattfannen, falen ënner d’Verantwortung vun de Kandidat*innen. D’Organisateur*inne si verantwortlech fir d’Käschte vum Iessen (Mëttegiessen a Snacks), d’Astelle vun den Traineren an d’Locatioun vun de Raimlechkeeten. Wärend dem Fluch iwwerhuelen d’Organisateur*innen de gesamten Transport vun de Kandidat*innen tëschent engem bestëmmte Startpunkt, dee spéider matgedeelt gëtt, an dem Fluchraum, souwéi d’Iessen an de Logement.


5. KALENNER

Dëse Kalenner presentéiert déi geschaten Datumer, déi ouni Preavis ännere kënnen; déi präzis Datumer vun all Etapp ginn de Kandidat*inne kommunizéiert an op follgender Website publizéiert: www.astronautforaday.lu.




6. ANNEXES


Lued d'Annexen ënner folgendem Link erof:


Annex 1 - Autorisatioun vun den Elteren

Muss vun all Responsabel ënnerschriwwe sinn




bottom of page